Neiegkeeten 📰
Den 22.02-24.02.2019 keen Training!
Mir wënschen iech eng schéin vakanz 🙂
Häerzlech wëllkomm ob der Sektioun Parkour Säit. All Infoen iwwer eisen Training fannt dir hei ob der Säit! Musst nëmmen erof scrollen 😉
Mir hoffen dass mir iech um Training wäerten gesinn 😉
Stéphane, David, Émilie an Yannick

Waat ass Parkour?
Parkour ass eng Sportart fir jidfereen: Egal op alleng oder am Grupp, jonk oder aal. Grondlegend geet et drems am séiersten an effizientesten vu Punkt A op Punkt B ze kommen an d‘Obstaclen op deem Wee ze iwwerwannen.
Dobäi mécht all Traceur et mat sengem eegene Stil an op seng eegen Aart a Weis. Der Kreativitéit si keng Grenze gesat. Parkour verbënnt. Duerch aner Leit entdeckt een nei Tricker an et kritt een di néideg Motivatioun. Et léiert een nei a ganz verschidden Vuen vu villen Leit kennen an sou och aner Progressiounsweisen. Parkour huet d’Motto “Be the best version of yourself”: anescht wei bei anere Sportaarten soll een nämlech net probéiere besser ze sinn wéi déi aner, mee ëmmer probéieren déi bescht Versioun vu sech selwer ze sinn.
Lifting 😀Ween brauch scho Këschten :p Cédric Mines David Holbrechts @Emilie Bleser 🎥 : Véronique Geraets
Gepostet von Kaizen Parkour Academy am Sonntag, 25. November 2018
Parkour léiert ee säi Kierper ëmmer besser ënner Kontroll ze kréien an ze gesinn, wou engemseng eege Grenze leien. Maach dat bescht aus der selwer! All Mënsch kann seng eegen Zieler setzen an ass fräi an deem wat e mëcht.
Parkour bréngt 3 wichteg Punkte mat sech, di bei all Training beduecht gi mussen:
Present – Ëmmer drop fokusséiert sinn wat een grat mëcht a mat de Gedanken dobäi sinn!
Progressive – Schrëtt fir Schrëtt probéieren seng Zieler ze erreechen fir sech selwer net ze iwwerschätzen!
Practice – Och wann een eppes net direkt hikritt, net opginn: Üben, üben, üben!!
Beispill video Parkour & Freerunning
vun Threeboys
Iwwert eis Parkour Akademie
Viru 5 Joer hunn zwee vun eise Memberen d’Sektioun Parkour beim CGR gegrënnt. No e puer Wochen waren schonn di éischt Leit do, di sech och fir dës Sportaart interesséiert hunn. Sou hu mir Ufanks als klenge Grupp niewent den Turngruppen mat engem Turntrainer eisen Training gehal. No puer Méint krute mir eisen éischten eegenen Trainer. Eise Grupp ass doropshin vu 7 op 17 Membere gewuess, mir kruten neien Equipement a sinn vun Réimech op Riemeschen an d’Hal gewiesselt. Dezember 2014 kruten mir en neien Trainer (Stéphane Crichton) an et sinn ëmmer méi Leit dobäikomm. Mëttlerweil si mir an der Sektioun Parkour zu +-100 Memberen.
KPA Motto
Den KPA (Kaizen Parkour Academy) Motto get als Begrüßung an um End vum Training eng keier opgesoot.
Et soll den Parkourer als “pillar” dinnen…
FORT
Stark
Et duerch Obstakelen unzestriewen déi bescht Versioun vun sech selwer ze ginn. Schrëtt fir Schrett seng Zieler erreechen, aus Schwieregkeeten Gewunnegten maachen, déi et dir vereinfachen dohin ze kommen wous du hi wells.
HUMBLE
Duerch d’Wouregt, d’Liewen ass onberechenbar, gutt a schlecht Saache kënne geschéien, sief prett, sief staark an sief dir iwwer deng Limitten bewosst, schaff vill vir besser ze ginn an all dem Schued entgéint ze stoen deen op dech duer kennt, well duerch de Wee inspiréiers de anerer fir eng besser Welt.
SEREIN
Serene
Duerch déi gewielten Richtung den beschten vun sech selwer ze ginn, sief elo an hei heeter op deng Stäerkten, dengen schwächen bewosst, an sief éierlech an genuch fir déi zwee ze ënnerscheeden, sech selwer déi héchsten Zieler ze setzen an sech mat ganzer Kraaft do drop ze konzentréieren (mat all dengen Gedanken an mat ganzem häerzen…
Stéphane
Parkour Park
Wärend de leschte Joren hu sech eis Traineren fir den Projet Parkour- a Calisthenicspark agesat a gehollef et mat der Gemeng Réimech ze verwierklechen.


Instagram @camp_ramps



Pictures right: Holbrechts David
PARKOUR SPOTS 📍 🌎
Hei fannt dir eng Map mat Parkour Spots gehostet vun Parkour.org
GALA

Eis Parkour Sektioun mécht all Joers och beim Gala vum CGR mat.
Den Gala ass eng Show wou den Parkourer an Gruppen agedeelt gëtt an wärend den Trainingszäiten sech Übungen Ausdenkt di hien dann herno wärend dem Gala mat senger Grupp präsenteiern kann.
Natierlech gëtt virdrun vum CGR een Thema fiert Gala ausgesicht.
Hatten schonn Themen: Eine Reise zurück in die Zeit, Disney 😀
Logos
Schaeffer Marc

Coenjaerts Ben

Holbrechts David

Eisen Training
Fir September
Programm
- Parkour Warm-up vun den feiss bis zum Kapp
- Kleng Spiller fir Warm-up
- Kaizen Parkour Form
- Parkour Techniken + Runs
- Frei Training fir +-30 min (fir nei “Moves” ze probeiern zb mam Trainer)
- Muskel Verstärkung
- Deenen (Stretching)
- Kleng Meditation
Iessen an Gedrénks
Drénken an iessen ass erlaabt.
Drénken am léifsten Waasser an fiert Iessen léiwer eppes Gesondes wei zb eng Banann oder en Appell
FLÄSCHEN WAASSER W.E.G. ERËM MAT HEEM HUELEN ODER FORT GEHEIE NET TRËLLEN LOOSSEN!
Altersgruppen
Parkour ass fir jidfereen, et gett keng Altersbeschränkung 😀
Mir hunn zwou verschidde Gruppen, di net no dem Alter, mee no den Fähegkeeten vum jeweilegen Traceur agedeelt ginn. (Beginners, Advanced)
Fir weider Informatiounen kennt ier eis eng mail schreiwen op: parkour@cgremich.eu
Sportskleedung
Sportskleedung matbréngen an deenen een sech wuel fillt (z.B. Joggingsbox, T-Shirt, Tanktop…)
W.e.g propper, gemittlech Schong matbréngen di just fir d’Hal geduecht sinn.
Trainingszäiten
Méi weit ënnen fannt dir Trainingszäiten!
Adress
Mir trainéieren zu Rëmerschen an der Hal an wäerten deemnächst och oft am Parkourpark sinn.
D’Adress vun der Hal a vum Parkourpark fannt dir ënnen op der Kaart!
Präisser
September-Juli
- Preis fiert d’Inscriptioun virun der Gala! (ganz joër)
De Parkourer ka gär 2 mol gratis op den Training kommen, fir ze testen, op et him gefällt 🙂
Ab März
- Preis fiert d’Inscriptioun no der Gala! Bzw an der Mett vun der Saison (März)
Fir sech unzemellen musst dir d’Fiche d’Inscription online um Site ausfëllen. Vergiesst dodrop net, d‘Sektioun „Parkour“ auszewielen 😛 ! Nodeems dir et online ausgefëllt hutt, musst dir de passende Betrag per Bankiwwerweisung op de Konto vum CGR iwwerweisen.
Vergiesst net bei der Iwwerweisung den Numm + Virnumm vum Kand + Parkour : Max Mustermann Parkour
IBAN : LU71 1111 2134 5050 0000 / CCPLLULL
TITULAIRE : Cercle de Gymnastique Remich
Adresse Remerschen Hall & Parkour Park
- Remerschen Hall : 29 Waistrooss 5440 Remerschen, Luxembourg
- Parkour Park : (Niewend der Reimecher schwëmm) rte du Vin, 5576 Remich
Trainingszäiten
Grupp | Freiden | Sonnden | Parkour Park | |
---|---|---|---|---|
Unfänger | 18:00-19:30 | 09:00-11:00 | Net bekannt | |
Avancéiert | 19:30-21:00 | 11:00-12:30 | Net bekannt |
Parkour Kontakt

Parkour Kontakt
parkour@cgremich.eu
Vun dëser E-Mail Adress kritt dir regelmeisseg wichteg Informatioune geschéckt, et kann firkommen dass dëss E-Mailen heiansdo am Spam landen!
Wanneschglift benotzt dës E-Mail Adress! Fir individuell (privat) Froe kennt dir eis Traineren och iwwert hier E-Mail Adress kontaktéieren 😀
Sproochen : LETZ, DE, FR, ENG
Traineren

Stéphane Crichton
Trainer

David Holbrechts
Co-Trainer an Manager

Émilie Bleser
Co-Trainer

Yannick Lippert
Co-Trainer
Ënnerstëtzt Parkourer
https://www.rtlyou.lu/channels/kahloh
RTL YOU KAHLOH


