Fortgeschretten-Ufänger : 17:00-18:30
Fortgeschretten : 18:40-20:10
Ufänger: 18:00-19:30
Fortgeschretten: 19:30-21:00
De 25 Januar organiséiert d´Kaizen Parkour Academy een ufängerfrëndleche Workshop fir all Persoun iwwer 30 Joer. An dësem Workshop kritt dir net nëmmen d´Basis vum Parkour gewisen a bäibruecht, mee och d´Philosophie di hannert dëser Sportaart stecht. Dës Fortbeweegungsmethod huet nämlech vill méi ze bidde wei dir mengt. Am grousse Ganze geet et drëms, deen effizientste Wee vu Punkt A op Punkt B ze fannen, an dat mëscht jiddereen esou, wei en et am beschte kann. Fir dëse Workshop braucht Dir nëmme Motivatioun a Freed u Beweegung, Virkenntnesser braucht Dir keng.
Präis: 10€
Fir wien: 30+ Ufänger (Elteren z.b.)
D´Sprooch vum Workshop: Lëtzebuergesch
Matbréngen: Gemittlech Kleeder (z.B. Joggingsbox an T-Shirt), propper Turnschlappen
Zäit: 18:00-19:30
Bezuelt gëtt sur place.
All Umeldung wegl. op:
google form coming soon
Du spréngs gär ronderem, kletters a bewegs dech gär? Wolls du schon emmer gär engkeier Parkour probeieren? Da luede mir dech häerzlechst op eise Parkour-Workshop fir Kanner an!
Eis Hal ass équippéiert mat flottem Material an de Workshop gëtt vun ausgebildten Trainere gehal. No dem Workshop gett et frëscht Uebst fir all Kand.
Wéini? Den 18.01.2020 vun 17:00 bis 18:30
Wou? An der Sportshal zu Remerschen (Luxemburg)
Fir ween? Fir Kanner tëscht 7 &10 Joer
Dat muss du matbréngen:
• Bequem Kleeder (T-Shirt an Joggingsbox)
• Propper Turnschlappen
• Eng Fläsch Waasser
• Motivatioun 🙂
Präis: 10€ (bezuelt gett sur place)
Präis: 10€
Fir wien: 30+ Ufänger (Elteren z.b.)
D´Sprooch vum Workshop: Lëtzebuergesch
Matbréngen: Gemittlech Kleeder (z.B. Joggingsbox an T-Shirt), propper Turnschlappen
Zäit: 18:00-19:30
Bezuelt gëtt sur place.
Ufänger: 09:00-11:00
Fortgeschretten-Ufänger: 11:00-12:30





Parkour – och „Art du déplacement“ genannt, ass eng Fortbeweegungsmethod di et engem erméiglecht mat nemme séngem Kierper sou séier an effizient wi méiglech vun A op B ze kommen. Dat mecht jiddereen esou, wie en et am beschte kann.
Andeems een sech emmer nei Zieler setzt ass een emmer progressiv amgaang sech ze verbesseren. Duerch di verschidde Mouvementer léiert een säi Kierper, sech selwer an doduerch och seng Grenzen besser kennen. Et léiert een, Hindernisser ze iwerwannen, andeems een säin eegene Wee fennt oder sech un nei Wéer eruntraut. Eppes, dat engem souguer am Alldag weiderhellefe kann.
Eist Motto: Siff emmer di bescht Versioun vun dir selwer!
D´Trendsportart ass fir all Alter an Niveau. Egal ob Ufänger oder Profi, Jonk oder Al: Jiddereen, dee Freed u Bewegung huet ass bei eis häerzlech Wellkomm.
Komm also gär laanscht an trainéier mat eis, wanns du vu Parkour faszineiert bass, a leier eis an och dech selwer besser kennen!
parkour@cgremich.eu , emilie.bleser@cgremich.eu , david.holbrechts@cgremich.eu
Workshops
Mir bidden seit desem Joer (1 kéier am Mount Samsdes) selwer Workshops un. Falls dir awer fir eng Versantaltung gären ee Parkour workshop organiséieren wéllt . Schréiwt eis wegl. eng Mail.
Address
Kaizen Parkour Academy: 29,Waistross L-5440 Remerschen Mir sinn och op Google Maps ze fannen!
Sponsoring
Falls dir un engem Sponsoring interesseiert wiert kennt dir Iech gären bei eis mellen!
Trainer vum Parkour
Schaeffer Mika, Lippert Yannick, Bleser Émilie an Holbrechts David
Social Networks
Voir cette publication sur InstagramUne publication partagée par Kaizen Parkour Academy (@kaizenparkouracademy) le