De Veräin huet awer och all Joers eng Rei gemeinsam Aktivitéiten wou all Sektioun vertrueden ass, wéi zum Beispill:

Gréin 🍻

All Joer organiséiert de CGR um Gréin (zu Réimech) eng Feier. All d’Sektioune si vertrueden: si hellefen entweder beim grillen, beim frittéieren, beim Gedrénksverkaf, beim servéieren asw. D’Feier um Gréin ass den Ofschloss vun der Saison. Dess Feier bréngt eis nach eng kéier all zesummen fir mat gudder Musek a gudder Stëmmung eng schein Zäit ze verbréngen.

Dëst Joer um Gréin gouf eis d’Fleesch 🥩 vum Claude Hausmaacher Spezialitéiten geliwwert. Villmols Merci och un eis aner Sponsoren : Mosella 🍞, KOX 🍾, Lalux 🎫… (Ennen um Site fannt dir all d’Sponsoren vum Veräin).

Ee grousse Merci u jiddereen deen hëllefe komm ass an un all eis Gäscht, dei eis während dem Fest besiche komm sinn❗ Wann dir och loscht hutt dem Veräin ze hëllefe, mellt iech beim Comité oder bei engem vun den Traineren, soss kennt dir och gär laanscht een drénke kommen 😉 .

Gala 🎊

De Gala ass eng Show die emmer an der Mëtt vun der Saison organiséiert gett. All Sektioun vum Veräin huet eng Virstellung préparéiert a gutt astudéiert, fir Ierch ze weise, wat si am Laf vum Joër neies geléiert hun.
All Joer gett et en anert Haaptthema um Gala, un deem all Optrëtt orientéiert ass. Theme vun de leschte Jooren waren z.B. “Eine Reise durch die Zeit” ⌚ an “Disney” 🐭. Fotoen zu all Gala vun de leschte Jooren fannt dir um Site.

Wettkampf/Concure/Championnatt 🥇🥈🥉

Als Turnveräin ginn ons Kanner och iwwert dat ganz Joer ob verschiidden Concurer. Ons Trainer ginn hir bescht den Kanner déi verschnidden Elementer ob den verschidden Geräter wei zum Beispill Bueden, Barren, Sprong, Putter, Päerd, Réng, Réck ze kennen a ze wëssen. Wann dann Kanner esouwäit sinn dann mellen mer se ëmmer gären bei den Concurer un(natierlech mat Ofsprooch mat den Elteren). Esou kennen sech Kanner och weider entwéckelen a maachen Fortschrëtter.

Concurer bitt wei scho gesot Kanner an Jugendlecher eng Méiglechkeet sech weider ze entwéckelen an besser Erfarungen ze sammelen. Et geet net nëmmen em gewannen mee um den Spaß an em matmaachen, als Veräin  probéieren eis Trainer dat bescht aus den Kanner ze erzielen 💪.

Wellensteener Kiermes 🎪🍺

Bei der Wellensteener Kiermes hunn mer Stand wou mer haaptsächlech Softdrink a Béier verkafen. Jugendlech aus ganz Lëtzebuerg verbréngen hier Nuecht do an profitéieren vum Béier an der gudder Musek.

Sonndes owes, ewéi och Méindes owes brauchen mer Léit déi gutt Zappen kennen an sech gären fir dëst Event engagéieren wëllen. Bei Esou engem Event ass et ëmmer super an Schichten ze schaffen an zu a puer. Well scho méindes muss een kucken ab 17 Auer bis 4 Auer owes( moies)  do ze sinn. Den dag selwer (no 4 Auer) gëtt um 10 Auer moies ofgebaut.

Mer hoffen et mellen sech Léit déi helfen kennen.  Des Event ass ëmmer den Letzten Weekend am Mount Juli.

Semi-Marathon🏃🏃‍♀️

Beim Semi-Marathon zu Réimech schaffen mir zesummen mat der Amicale vun den Guiden a Scouten St. Cunibert Réimech.

Mir als Veräin hunn do ee Stand mat Iessen an verkafen Gauffre, Fritten, Grillwurscht,… an nach aner gutt Saachen 😉 a zwee Stänn mat Gedrénks.
Des Zesummenaarbecht ass ëmmer flott.
Mir erwaarden ëmmer vill Léit (Sportler, Zuschauer,…), dofir sinn mer ëmmer frou wann Léit ons am September helfen kennen.